
Knapp 30 Joer nom Mord vum Rapper Tupac Shakur ass elo e fréiere Gang-Chef schëlleg gesprach ginn. An engem Prozess zu Las Vegas ass eng Jury zu der Decisioun komm, dass den Duane Devis, ee vun den deemoolege Käpp vun der South Side Compton Crips, mat verantwortlech fir Mordpläng géint den US-Rapper war. Verschidde Gangs haten deemools nämlech Sträit mateneen. De 7. September 1997 koum et schlussendlech zu den déidleche Schëss. Wéi et heescht, soll d'Berodung vun der Jury zu Las Vergas nëmmen e puer Stonne gedauert hunn.
De Parquet hat argumentéiert, dass den Ugekloten Duane Davis de Mord um Tupac Shakur ordonéiert hat. D'Verdeedegung vum Ugekloten dogéint huet erkläert, dass et, ausser dem Davis seng eegen Aussoen, keng Beweiser géife ginn, déi den haut 63 Joer ale Mann mat der Dot a Verbindung bréngen. Den 13. Oktober wäerten d'Riichter d'Urteel géint den Devis schwätzen an dann och eng Strof bekannt ginn.
Den Tupac gëllt bis haut als eng vun de markantste Figuren an der weltwäiter Hip-Hop-Zeen. De Mord un him zielt dann och zu de bekanntsten ongeléiste Verbriechen an den USA. De Prozess, dee mat Spannung erwaart gouf, hat am August ugefaangen.