A Russland am ExilFréiere syresche President Baschar al-Assad en absence zum Doud verurteelt

AFP, iwwersat vun RTL
A Syrien huet ee Geriicht de fréiere President Baschar al-Assad en absence zum Doud verurteelt.
© VALERY SHARIFULIN/AFP

D'Riichter hunn hiert Urteel en Dënschdeg mat "Krichsverbriechen" a "Verbrieche géint d'Mënschlechkeet" begrënnt, déi nom Ufank vum syresche Biergerkrich am Joer 2011 begaange gi wieren. Et ass dat éischt Urteel géint den Assad, deen am Dezember 2024 vun islamistesche Kämpfer gestierzt gouf an an d'Exil an déi russesch Haaptstad Moskau geflücht ass.

Zum Doud verurteelt gouf en Dënschdeg och de fréieren héichrangege Sécherheetsverantwortlechen Atef Nadschib, ee Cousin vum Assad. Den Nadschib gouf wéinst "Verbrieche géint d'Mënschlechkeet" schëlleg gesprach, déi hien dem Geriicht no als Chef vun de Sécherheetsautoritéiten an de syrescher Provënz Daraa begaangen hat. Ënnert anerem gouf him virgeheit, Kanner doutgemaach ze hunn, a "Folter mat Doudesfolleg" begaangen ze hunn.

An der Provënz Daraa hat am Joer 2022 d'Revolt géint d'Assad-Regierung ugefaangen. Den Nadschib war am Januar 2025 e puer Wochen nom Enn vum Assad-Regimm an der syrescher Hafestad Latakia festgeholl ginn.

De Prozess géint de fréieren Diktator a säin Ëmfeld hat am Abrëll ugefaangen. Déi nei syresch Regierung wëll déi fréier Decideuren ënnert dem Assad-Regimm zur Rechenschaft zéien.

Wärend den 13 Joer Biergerkrich a Syrien sinn tëscht 2011 an 2024 iwwer eng hallef Millioun Leit ëm d'Liewe komm. Am Dezember 2024 hu Kämpfer vun der islamistescher HTS-Miliz den Assad-Regimm gestiermt. De fréieren HTS-Chef Ahmed al-Scharaa ass aktuell President vun der syrescher Iwwergangsregierung.

Back to Top
CIM LOGO