Sexuelle MëssbrauchFréieren Hollywood-Produzent Weinstein zu 15 Joer Prisong verurteelt

AFP
De fréieren Hollywood-Produzent Harvey Weinstein gouf wéinst sexuellen Iwwergrëffer op eng Produktiounsassistentin zu enger Prisongsstrof vu 15 Joer verurteelt.
Der frühere Hollywood-Produzent Harvey Weinstein ist wegen sexueller Übergriffe auf eine Produktionsassistentin zu 15 Jahren Haft verurteilt worden. Er war für schuldig befunden worden, eine Assistentin im Jahr 2006 missbraucht zu haben.
Iwwer 80 Frae reprochéieren dem Harvey Weinstein sexuell Iwwergrëffer oder Mëssbrauch.
© POOL/AFP

D'Geriicht zu New York ass domat ënnert der Fuerderung vum Parquet bliwwen, deen 20 Joer Prisong gefuerdert hat. Am Geriicht war och d'Affer Miriam Haley. Si huet betount, datt si duerch de Mëssbrauch eng "liewenslaang Strof" kritt hätt. De Weinstein huet annoncéiert, an Appell ze goen.

Éier d'Strofmooss annoncéiert gouf, huet de 74 Joer ale Weinstein un d'Geriicht appelléiert, "Nosiicht" mat him ze hunn, hie wier "kee gewalttätege Mann". "Ech entschëllege mech éierlech bei jidderengem, deen ech verletzt hunn", betount de Mann, deen haut am Rollstull sëtzt. Och d'Affekote vum Weinstein hate virdru gewarnt, datt eng méi laang Prisongsstrof dozou féiere kéint, datt hire Client am Prisong stierwe géing. Säi Spriecher Juda Engelmayer huet ugekënnegt, datt de Weinstein an Appell géint d'Urteel goe wéilt.

Déi fréier Produktiounsassistentin Miriam Haley sot no der Annonce vum Strofmooss, datt si dëst fir "gerecht" hale géing. "Also ech sinn zefridden domat."

De Jury hat de Filmproduzent viru gutt engem Joer schëlleg gesprach, d'Haley 2006 mëssbraucht ze hunn. Viru Geriicht hat si erkläert, datt si doduerch un enger posttraumatescher Belaaschtungsstéierung géing leiden. De Weinstein hätt "seng Muechtpositioun mëssbraucht" a si hätt sech "erniddregt gefillt, well hie mech fir esou onbedeitend gehalen huet, datt hien et gewot huet, esou eppes ze maachen".

Zanter 2017 hunn am Ganzen iwwer 80 Fraen dem Weinstein Belästegung, sexuell Iwwergrëffer oder Vergewaltegung reprochéiert. D'Virwërf hunn och d'MeToo-Beweegung ausgeléist.

Ënnert anerem wéinst de Reprochë vum Haley war den haut 74 Joer ale Weinstein 2020 schonn zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn. Wéinst Feeler am Prozess war d'Urteel awer vum ieweschte Geriicht zu New York opgehuewe ginn, éier et Neiverhandlungen ugeuerdent huet.

Enn 2022 war de Weinstein dann nach wéinst Vergewaltegung vun enger Schauspillerin an enger Hotelskummer zu Los Angeles am Joer 2013 veruteelt ginn. Een Appellsgeriicht am Bundesstaat Kalifornien hat de Scholdsproch Enn Juni zwar confirméiert, gläichzäiteg awer déi 16 Joer laang Prisongsstrof opgehuewen an ordonéiert, en neit Strofmooss festzeleeën.

Back to Top
CIM LOGO