Konflikt an der UkrainFridde steet am Raum, ma Krich geet awer weider

RTL Lëtzebuerg
D'Gespréicher, déi et déi lescht am Februar gouf, sollen den 10. November zu Abu Dhabi ufänken.
© JIM WATSON/AFP

Et soll iwwer Fridde geschwat ginn, mä parallel ginn d'Attacke weider. An der Nuecht hunn op en Neits russesch Rakéiten déi ukrainesch Haaptstad Kiew getraff.

De Buergermeeschter Klitschko schwätzt vun op d'mannst sechs Blesséierten. Wunnhaiser an eng Tankstell wäre getraff ginn.

An de leschte Wochen hätt et e puer Attacken op Kiew ginn, wou spéit Loftalarm ausgeléist gouf. De President Selenskyj huet sech beklot, datt auslännesch Alliéiert net méi am Virfeld gewarnt hätten.

D'Ukrain verdeedegt sech jo zanter méi wéi véier an engem hallwe Joer géint e russeschen Ugrëffskrich. Den Ament ass besonnesch d'Relatioun mat den USA ugespaant.

No engem Gespréich mam US-Verhandler Witkoff huet sech Russland anscheinend bereet erkläert fir nei Gespréicher mat den USA an der Ukrain. Et soll awer net ëm en Enn vum Krich goen, mä ëm en Opbau vun engem Sécherheetssystem fir Russland a fir d'Ukrain nom Enn vum Konflikt.

D'Gespréicher, déi et déi lescht am Februar gouf, sollen den 10. November zu Abu Dhabi ufänken.

Back to Top
CIM LOGO