
An Däitschland denkt de Bundeskanzler Friedrich Merz iwwert Changementer an der Regierung no.
Am Summerinterview mam ZDF, deen e Sonndegowend komplett gewise gëtt, seet hien d'Demissioun vum Jens Spahn als Fraktiounschef vun der Unioun wier eng Geleeënheet, nach eng Kéier iwwert d'Opstellung vun der Regierung nozedenken.
De Friedrich Merz seet, hie wéilt an deenen nächsten Deeg iwwert eng Successioun beroden. D'Fraktioun aus CDU an CSU wieren zwar an der Summerpaus, mä si wieren aarbechtsfäeg.