Drëtte JoresdagGedenken un d'Affer vum Hamas-Massaker an Israel

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Trauerminutt, traureg Erënnerungen a weider Militärattacken: An Israel gouf e Mëttwoch um drëtte Joresdag vun der Attack vun der Hamas un d'Affer geduecht.

Op der Plaz vum Nova-Museksfestival an Israel hu Familljememberen de 7. Oktober um 6.29 Auer, der Auerzäit vum Ufank vum Massaker, eng Trauerminutt organiséiert. Déi israeelesch Arméi huet wärenddeem hir Attacken an der Gazasträif weidergefouert. De Joresdag vum Hamas-Iwwerfall fält an d'Schlussphas vum Walkampf fir dat israeelescht Parlament an dräi Wochen.

Op der Plaz vum Nova-Festival goufe Portraite vun de Leit opgestallt, déi beim Iwwerfall ëm d'Liewe koumen. D'Schweige gouf vun Techno-Musek ënnerbrach, déi op d'mannst ee vun de Familljememberen a Gedenken un d'Affer gespillt huet.

Drëtte Joresdag vum Hamas-Massaker an Israel
An Israel gouf um drëtte Joresdag vun der Attack vun der Hamas un d’Affer geduecht.

Och am Kibbuz Reim an am Kibbuz Kfar Aza gouf et Gedenkzeremonien. Béid Quartiere waren deemools och vun der Hamas an hiren Alliéierten iwwerfall ginn.

D'Katia Zohar, där hir 23 Joer al Duechter um Nova-Festival ëm d'Liewe koum, huet "vun der Minutt" geschwat, "déi eist Liewe fir ëmmer verännert huet". Hir Duechter Bar hätt si deemools ugeruff a gefrot, hatt sichen ze kommen, "well Rakéiten an der Loft waren". Méi spéit hätt hatt da vun der Strooss ausgeruff a gejaut, "datt si op mech schéissen".

D'Anna Davitaschvili huet beim Gedenken un hire gestuerwene 25 Joer ale Bouf dat lescht Techno-Lidd gespillt, deen deemools virum Ufank vun der Attack gespillt gi war. "Ech spieren hien hei. Et deet mir sou schrecklech leed, datt ech hien net rette konnt", sot d'Mamm mat Tréinen an den Aen.

Op der Plaz vum Nova-Festival hu Journaliste vun der AFP och Knuppen aus der Gazasträif héieren. D'Al-Schifa-Spidol an der Stad Gaza huet matgedeelt, datt bei israeelesche Loftattacken an der Nuecht zwee Leit d'ëm d'Liewe komm wieren. Zu Chan Junis gouf dem Nasser-Hospital no ee Mann bei enger israeelescher Attack ëmbruecht a weiderer blesséiert.

D'Hamas huet de 7. Oktober 2023 iwwerdeem als "groussaartegen Dag an der Geschicht vun eisem Vollek" bezeechent. Déi radikalislamesch Palästinenserorganisatioun bretzt sech domat, datt si mam Iwwerfall an dem Gaza-Krich, deen doduerch ausgeléist gouf, de "Mythos vun der onbezwéngbarer (israeelescher) Arméi zerstéiert" hätten.

Beim Massaker de 7. Oktober 2023 hate Kämpfer vun der Hamas an hiren Alliéierten 1.221 Leit ëmbruecht an 251 weiderer als Geiselen an d'Gazasträif verschleeft. Eleng beim Nova-Festival waren op d'mannst 370 Leit ëm d'Liewe komm. Et waren déi schlëmmst Massaker u Judden zanter dem Holocaust.

Israel huet doropshi mat massiven Attacken an der Gazasträif reagéiert, bei deenen dem Gesondheetsministère vun der Hamas no méi wéi 74.200 Leit ëm d'Liewe koumen. Trotz enger Wafferou, déi am Oktober virun engem Joer verhandelt gi war, gräift d'israeelesch Arméi ëmmer nees Ziler an der Gazasträif un.

D'Opschaffe vum Iwwerfall vun der Hamas spillt eng wichteg Roll am Walkampf virun der israeelescher Parlamentswal de 27. Oktober. De laangjärege Ministerpresident Benjamin Netanjahu gesäit sech mat Reprochë konfrontéiert, virum 7. Oktober 2023 Warnung virun enger Hamas-Attack ignoréiert ze hunn. Engem rezenten Artikel no soll hien d'Regierung vun de Vereenegten Arabeschen Emirater gewarnt hunn.

De fréiere Regierungschef Naftali Bennett sot wärend dem Gedenke mat Bezuch op den Netanjahu, datt den Hamas-Iwwerfall duerch "kolossaalt Versoe vum Staat Israel, dee gegrënnt gouf, fir Judden an eisem Land ze verdeedegen", méiglech war.

Back to Top
CIM LOGO