"Star Wars"?Geféierlecht Manöver vu russeschem Militär-Satellit am Weltall

RTL mat AFP
E russesche Satellit ass engem europäesche Satellit, deen ënner Kontrakt mat den USA steet an d'Ukrain ënnerstëtzt, ganz no komm.
E Modell vun engem kommerzielle Satellit.
E Modell vun engem kommerzielle Satellit.
© JOAN CROS/NurPhoto via AFP

E Satellit vum russesche Militär ass am Weltall engem europäesche Satellit manner wéi 100 Meter no komm. De kommerzielle Satellit ass ënner Kontrakt mat den USA a liwwert och Ënnerstëtzung fir d'Ukrain. Enn September hätt de russesche Satellit Cosmos-2612 ugefaangen, seng Vitess staark ze veränneren, fir op de selwechten Orbit ze komme wéi de finnesche Satellit ICEYE-X36.

Spezialisten no wier de Satellit aus Russland am Abrëll an de Weltall geschoss ginn a wier den 18. Oktober moies op manner wéi 100 Meter un den europäesche Satellit erukomm. Et gëtt sech gefrot, ob de Cosmos-2612 aner Satellitten interceptéieren, stéieren oder ausspionéiere kann. Et wier net fir d'éischt, dass esou Manövere vu russesche Satellitten observéiert gi wieren.

De Clayton Swope, Spezialist fir Sécherheet am Center for Strategic and International Studies, geet net dovun aus, dass de Satellit aus Russland aus friddleche Grënn op genee de selwechten Orbit bruecht gi wier wéi een, deen d'Ukrain ënnerstëtzt. Dem Swope no wier et awer net méiglech, ze soen, ob et sech ëm en arméierte Satellit géing handelen.

Der United States Space Force USSF no wieren am Mee grouss Ustrengungen ënnerholl ginn, fir véier russesch Militär-Satellitten no bei e Radar-Satellit ze manövréieren, dee vun der Ukrain genotzt gëtt.

De Wladimir Putin huet Europa zanter dem Ufank vum Krich virgehäit, indirekt drun deel ze huelen duerch d'Benotze vu kommerzielle Satellitten fir militäresch Zwecker. De Konstantin Vorontsow, Responsabelen aus dem russeschen Ausseministère, hat domat gedreet, zivil Infrastrukturen, déi och fir militäresch Zwecker agesat ginn, kéinten zu legitimmen Ziler ginn.

Mëttlerweil wier de Cosmos2612 awer net méi sou no beim ICEYE-X36. D'Distanz tëscht béide Satellitte soll erëm bei e puer Kilometere leien. Dem US-amerikaneschen Institut ISR no, spezialiséiert op Defense a Sécherheet, besteet awer d'Méiglechkeet, dass et schonn an den nächste Wochen zu engem weidere Rapprochement wäert kommen.

Back to Top
CIM LOGO