
D'Gemeng Saumos, wou Enn Enn Juli de Groussbrand an der Gironde säin Ursprong hat, huet sech an engem Schreiwes op de Soziale Medien un de franséische President Emmanuel Macron geriicht. An dësem fuerdere si, dass dat, wat mat hirer Gemeng geschitt ass, als Ausgangspunkt fir eng kollektiv Reflexioun geholl gëtt an net als e Laboratoire fir Decisiounen, déi an der Hektik geholl goufen. Iwwerdeems fuerderen d'Vertrieder vun der Gemeng, an déi geplangte Mesuren fir d'Zäit nom Brand mat abezunn ze ginn.
Am entspriechende Post vun der Gemeng op Facebook heescht et a Richtung vum franséische Staatschef, den Deputéierte vum Parlament, der Präfektin vun der Gironde an de Gemengen a lokalen Administratiounen, dass ee si net géing bieden, eppes fir d'Gemeng ze decidéieren. Et géif een net no Reegele verlaangen, déi wäit ewech vun der Realitéit um Terrain ausgeschafft goufen.
De Message vun der Gemeng kënnt eng Woch éier de franséische Premier Sébastien Lecornu zesumme mat anere Ministeren a Membere vu der Missioun fir den Neiopbau vun den zerstéierte Gebidder an d'Regioun reest. D'Visite soll dem Regierungschef d'Geleeënheet ginn, ausféierlech Gespréicher mat de gewielte Gemengevertrieder, den Acteure vum Neiopbau an de sozioekonomeschen Acteure vun der Regioun ze féieren, heescht et vum Büro vum Premierminster.
Vun der Gemeng Saumos ass et am Schreiwes iwwerdeems d'Erënnerung, dass et keng Wonnerléisung géint "esou e Monster" géif ginn. Saumos war Enn 2022 scho vun engem uerge Feier betraff, bei deem knapps 3.800 Hektar zerstéiert goufen.