E Samschdeg gouf et zu Fameck a Frankräich zwou Hochzäiten am Gemengenhaus. Traditionell sinn dofir och Cortègë mat Autoe virgefuer. Op hirem Wee duerch d'Stroosse vun der Gemeng hätte sech awer net all d'Chaufferen un de Code de la Route gehalen. D'Autoe wieren, wéi den Departement Moselle mellt, "mat héijer Vitess" gefuer an hätte Virfaarten a Stoppschëlder net respektéiert.
Mat der Hëllef vun Iwwerwaachungskameraen hätten d'Gendaarmen am Ganze 47 Protekoller ausgestallt. Am Ganzen hätten d'Hochzäitsgäscht 179 Punkte verluer.
"Feieren dierf net heeschen, sech selwer an anerer a Gefor ze bréngen." An de sozialen Netzwierker erënnert den Departement Moselle dorun, datt Feierdeeg keng Fräifaartsschäiner dofir dierfe sinn, sech alles erlaben ze dierfen.