
Bei rezente Virfäll am occupéierte Westjordanland hunn israeelesch Siidler d'US-Fotografin a Journalistin Heidi Levine an och eng europäesch Delegatioun mat héije franséische Vertrieder aus Jerusalem attackéiert, wéi dës op d'Recolte vun Oliven a palästinenseschen Dierfer ëstlech vu Ramallah gefuer waren.
Eng Woch virun de Walen an Israel huet dat, nieft deene weideren deeglechen Attacke géint Palästinenser am Westjordanland, fir de Benjamin Netanjahu eng potenziell Belaaschtung gemaach, well dëse sech net dovun distanzéiert an am Géigendeel souguer fir déi israeelesch Siidler asteet. Politesch Géigner reprochéieren him dowéinst, vis-à-vis vu "jiddeschem Terrorismus" ze nosiichteg ze sinn.
D'Oppositiounskandidate Gadi Eisenkot, Yair Golan an Naftali Bennett, deenen hir politesch Vue wäit auserneeginn, hunn d'Attacken awer all als "jiddeschen Terrorismus" bezeechent. Ee Begrëff, op deen d'Regierung vum Netanjahu empfindlech reagéiert, wann en aus dem Ausland genotzt gëtt.
Bei de quasi deeglechen Attacke vu Siidler wärend der Recolte, zu deene Schléi, Brandstëftung an och Déifstall gehéieren, goufe schonn eng Rei Palästinenser ëmbruecht. "Wat am Westjordanland geschitt ass jiddeschen Terrorismus ënnert dem Patronat vun der israeelescher Regierung", sot de Mëtt-Riets-Kandidat Eisenkot, e fréiere Militärchef an dem Netanjahu säi gréisste Konkurrent bei de Walen de 27. Oktober.
Änlech huet och de Yair Golan vun der Mëtt-Lénks-Partei erkläert, datt "jiddeschen Terror mat eisener Fauscht bekämpft muss ginn, genee wéi palästinenseschen Terror" an huet versprach, Uerdnung am Westjordanland ze retabléieren, wann hien un d'Muecht komme sollt. De Golan war an deem Zesummenhang och op Visitt bei der Levine am Spidol, wärend de President Isaac Herzog, deen eng gréisstendeels representativ Roll huet, mat hir telefonéiert huet.

Den Netanjahu selwer huet d'Berichter iwwer d'Attacken ugezweiwelt an dorop higewisen, datt de Bernard Baudoux, een 78 Joer ale franséische Buergermeeschter, deen zesummegeschloe gouf, ee lénken Ënnerstëtzer vun de Palästinenser wier.
"Dës Berichter komme virum Hannergrond vun de Suergen iwwert eng koordinéiert Campagne zu der Verleumdung vun Israel an de jiddesche Bewunner vu Judäa a Samaria wärend der järlecher Olive-Recolte", huet dem Netanjahu säi Büro an enger Stellungnam erkläert, déi d'Westjordanland bei hirem bibleschen Numm genannt huet.
De Boaz Bismuth, een Deputéierte vun der Likud-Partei vum Netanjahu huet an engem Tëleesinterview gesot, datt "et zu Judäa a Samaria kee jiddeschen Terrorismus géif". Am September hat den Netanjahu bei senger Ried virun der UNO-Generalversammlung behaapt, d'Gewalt wier d'Wierk vun enger klenger Zuel jugendlecher Stroftäter.
Ëmfroe weisen, datt ëmmer manner Israeelien ee palästinensesche Staat ënnerstëtzen, woubäi als Haaptgrond den Iwwerfall vun der Hamas op d'Gazasträif de 7. Oktober 2023 genannt gëtt. Experten no wier d'Gewalt duerch Siidler, déi an Israel politesch laang keen Theema war, allerdéngs eng aner Saach.
"Och wann déi israeelesch Gesellschaft rietsgeriicht ass an d'Mënschen aktuell net fir eng territorial Léisung (mat de Palästinenser) sinn, herrscht awer een héije Konsens géint d'Gewalt vun de Siidler", sot den Alon Yakter, Politikwëssenschaftler un der Universitéit Tel Aviv.
"Dës gouf zu enger Schwaachstell fir den Netanjahu, well hie mat Parteien zesummeschafft, déi vun deem Theema oflenken oder se als vereenzelt schwaarz Schof ofdoe wëllen", seet de Yakter, dee sech op Walverhale spezialiséiert huet. Hien huet erkläert, datt d'Gewalt duerch Siidler u sech warscheinlech keen decisiven Afloss op d'Walverhale vun den Israeelie wäert hunn, ma datt se awer zwee Theeme stäerke kéint, déi fir déi israeelesch Wieler am wichtegste sinn: Sécherheet a Regierungsféierung.
"Fir si (d'Oppositiounsféierer) ass et besser, dës Gewalt als e Mangel u Kontroll a Regierungsféierung duerzestellen, deen eise Sécherheetsinteresse schued", sot en. Den Eisenkot huet versprach, d'Uwendung vun der Verwaltungshaft fir jiddesch Verdächtegter nees anzeféieren, duerch déi Israel ee Verdächtegten ouni Uklo festhuele kann.
Ënnert dem Netanjahu, deem seng Regierung och rietsextreem Unhänger vun der Annexioun vum Westjordanland huet, gëllt dës Verwaltungshaft aktuell just fir Palästinenser. Den Eisenkot dogéint huet versprach, mat "eisener Fauscht" géint jidderee virzegoen, dee géint dat Gesetz verstéisst an domadder Iwwerfäll sou wéi Brandstëftunge vu Siidler géint Palästinenser ze verhënneren.
D'Regierung vum Netanjahu, eng vun der rietsradikaalster an der Geschicht vun Israel, huet zanter dem Amtsuntrëtt am Joer 2022 104 Siidlungen accordéiert oder legaliséiert. Méi wéi 500.000 israeelesch Siidler liewen am Westjordanland a Siidlungen, déi dem internationale Recht no illegal sinn.