
D'Gilets Jaunes hu wëlles e Samschdeg op d'Strooss ze goen a fir eng ganz Rei Saachen ze demonstréieren, dorënner d'Fuerderunge vun deene Jonken.
Zanter Wochen zirkuléieren Opriff an de soziale Medien, fir de Mouvement vun de Gilets Jaunes aus de Joren 2018/19 erëm opliewen ze loossen. En Donneschdeg koum dunn den Appell vun den Haapt-Jugendorganisatiounen, déi zanter Mëtt September fir besser Schoulen demonstréieren, fir sech der Mobilisatioun e Samschdeg unzeschléissen.