
D'Giorgia Meloni huet en Dënschdeg annoncéiert, dass 500 Zaldoten op Mailand geschéckt ginn, fir bis Enn des Joers d'Police z'ënnerstëtzen, nodeems et leschte Weekend zu uergen Ausenanersetzunge mat gréisstendeels jonken Demonstrante komm war. D'Zaldote wäerten allerdéngs net déi selwecht Kompetenzen a Rechter kréie wéi d'Police.
Ausserdeem si Mesuren ergraff ginn, déi et an Zukunft méi einfach wäerte maachen, Mineuren anzespären an Elteren ze bestrofen, deenen hir Kanner fir Schued gesuergt a gewalttäteg un enger Manifestatioun deelgeholl hunn.
"Demonstréieren ass e Recht, eis Stied plëmmen awer net", sou d'Premierministesch op de Soziale Medien, déi och nach preziséiert huet, dass leschte Weekend bal 200 Poliziste blesséiert gi wieren an dass d'Hallschent vun den 330 Persounen, déi festgeholl goufen, aus dem Ausland wieren oder Elteren hätten, déi net an Italien gebuer sinn.
An de leschten Deeg hunn a ganz Italien Schüler, Studenten, Baueren a Chauffere géint ze héich Liewenskäschte manifestéiert. Ënnert anerem zu Mailand waren doduerch eng Rei Butteker zerstéiert ginn, respektiv zou bliwwen. Fir nächste Samschdeg sinn nei Demonstratiounen ugekënnegt.