Supreme Court mécht Wee fräiGréng Luucht fir eng méi "komplizéiert" Bréifwal an den USA

AFP, iwwersat vun RTL
Gutt zwee Méint virun den Tëschewalen am Kongress huet de Supreme Court d'Plän vum US-President Donald Trump gutt geheescht.
© RTL Archiv

Den Ieweschte Geriichtshaff huet domadder e Méindeg d'Decisioun vum Bezierksgeriicht opgehuewen, dat en Aussetze vum entspriechenden Dekreet vum President gefuerdert hat. De Supreme Court selwer huet allerdéngs nach keng endgëlteg Decisioun an der Affär geholl. D'Decisioun vum Supreme Court gouf vu sechs konservative Riichter duerchgesat. Hir dräi liberal Kolleeginnen hu sech deem net ugeschloss.

Den Donald Trump hat d'Dekreet Enn Mäerz ënnerzeechent, d'US-Demokraten hunn doropshin eng Plainte agereecht. Den US-President wëll d'Bréifwal fir Leit limitéieren, déi op "Staatsbiergerschaft-Lëschte vun de Bundesstaaten" stinn, déi vu senger eegener Regierung zesummegestallt ginn. D'Oppositioun seet, dëst wier e Versuch, "Wieler aus parteipolitesche Grënn d'Walrecht z'entzéien".

Am November sinn am US-Kongress déi wichteg Tëschewalen an den USA an dem Trump seng Republikaner riskéieren hei relativ schlecht ofschneiden.

Back to Top
CIM LOGO