Bëschbränn fréizäiteg erkennenGriicheland schützt historesch Sitte mat modernem Feiermeldesystem

AFP, iwwersat vun RTL
Den neie Mechanismus gouf scho mat Succès bei der Akropolis vu Mykene getest ginn. Enn August solle sechs nei Systemer a Betrib geholl ginn.
Griechenland stattet seine historischen Stätten mit einem modernen Feuermeldesystem aus, um sie vor Waldbränden zu schützen. Ein Test an der Akropolis von Mykene sei erfolgreich verlaufen, erklärte das Kulturministerium.
© Eurokinissi/AFP/Archiv

Griicheland wëll historesch Sitte mat engem moderne Feiermeldesystem viru Bëschbränn schützen. Den neie Mechanismus wier schonn ënner reelle Konditioune bei der Akropolis vu Mykene op der Hallefinsel Peloponnes getest ginn. Dat mellt de Kulturministère en Donneschdeg. Am Ganze sollen 22 historesch Sitten esou Systemer kréien.

De Mechanismus "notzt eng Kombinatioun aus Donnéeë vu Wäermebild- an optesche Kameraen", déi an Echtzäit un déi lokal Pompjeeë geschéckt ginn. Beim Test bei der Akropolis vu Mykene den 31. Juli wier e Feier séier erkannt ginn, heescht et vum Ministère weider.

Bis Enn August solle sechs nei Systemer a Betrib geholl ginn, ënnert anerem bei der Akropolis zu Athen, beim Nestor-Palais an am Klouschter Hosios Lukas. Aacht weiderer sollen am September dobäi kommen.

A Griicheland ginn et all Summer uerg Bëschbränn. Op engem eenzegen Dag kënnen Dosende Feieren ausbriechen. Zanter Ufank 2026 koum et zu 305 Festnamen am Kontext mat Bränn, dovun 272 wéinst Farlässegkeet an 33 wéinst Brandstëftung.

Back to Top
CIM LOGO