
D'Pläng fir en europäeschen Zentrum an Afrika fir Migranten, deenen hir Asyl-Demande refuséiert gëtt, gi méi konkret.
Griicheland wéilt d'nächst Joer, wann een d’EU-Presidence iwwerhëlt, konkret ginn an de Sitte aweien. Dat sot de Migratiounsminister Thanos Plevris e Méindeg géigeniwwer der griichescher Tëleeschaîne "ANT1 TV". Den Zenter soll deemno an engem afrikanesche Land ageriicht ginn, op dat ee sech gëeenegt hätt, wéi eent dat wier, kéint hien awer nach net soen.
Griicheland dreift d'Pläng fir déi ëmstridden Expulsiouns-Zentere fir refuséiert Demandeurs d'asile ausserhalb vun Europa jo zesumme mat Däitschland, Dänemark, Holland an Éisträich virun. Als méiglech Standuerter fir esou Zentere goufe schonn Uganda a Ruanda genannt. Dem Plevris no soll et deemnächst eng Reunioun mat deenen anere véier Memberlänner an dem Generaldirekter vun der Internationaler Organisatioun fir Migratioun ginn, fir iwwert de Plang ze schwätzen.
De griichesche Migratiounsminister huet ausserdeem annoncéiert, dass säi Land beim nächste Conseil vun den EU-Justiz- an Inneministeren e Mechanismus wéilt presentéieren, mat deem zukünfteg eng massenhaft Arrivée vu Migranten, wéi et se rezent zu Ceuta gouf, kéint geréieren.