
Béid Pilote koumen ëm d'Liewen, mellt déi griichesch Noriichtenagence ANA. D'Ëmstänn vum Crash wieren nach onkloer, ma d'Piloten hätte sech net aus dem Fliger erauskatapultéiert, huet et vu lokale Medie geheescht,
De Fliger war grad lassgeflunn, wou e bemol un Héicht verluer huet an erofgefall ass, sot ee Journalist vum ëffentleche Sender ERZ, deen op der Plaz war. Et gouf eng Explosioun direkt nom Opprall, an dat virun den Ae vun Dausende Visiteuren, déi fir d'"Athens Flying Week" do waren. déi all Joer ofgehale gëtt. Et gouf duerno probéiert, d'Feier ze läschen.
D'Air-Show gouf ofgesot an de Verdeedegungsminister Nikos Dendias huet eng Rees op Thessaloniki ofgesot, fir op der Plaz ze sinn.