
Nom Doud vun zwee israeeleschen Zaldoten duerch eng Attack zu Hebron vun arméierte Palästinenser huet déi israeelesch Arméi eng grouss Offensiv gestart am besate Westjordanland. "Anti-Terror-Asätz" wieren Dosenden amgaangen, huet et e Samschdeg an enger gemeinsamer Erklärung vun der Arméi an dem Geheimdéngscht Shin Bet geheescht.
Sécherheetskräften hunn am Raum Hebron Ziler duerchsicht a Verdächteger befrot, fir "terroristesch Infrastruktur ze lokaliséieren an ze zerschloen". Ausserdeem wieren "illegal Strukturen" ofgerappt ginn, déi eng Gefor fir d'Sécherheet wieren. D'Offensiv soll e puer Deeg laang daueren.
Nom déidleche Virfall vun e Freideg hat den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu eng komplett Spär vum Palästinensergebitt ordonéiert an eng Militäroffensiv ugekënnegt, wéi et se zanter dem Sechs-Deeg-Krich vun 1967 net méi gouf. En Dënschdeg wäert an Israel en neit Parlament gewielt ginn.