
An enger Deponie net wäit vum Wembley-Stadion zu London, méi genee am Staddeel Neasden am Nordweste vun der Stad, ass et zu engem grousse Brand komm. Iwwer 125 Pompjeeën an 20 Läsch-Gefierer war iwwer Stonnen am Asaz, fir géint d'Feier unzegoen. Scho géint 11:30 Auer koum den éischten Noutruff eran.
Eng riseg schwaarz Dampwollek war an der ganzer Stad ze gesinn. Bei der Hal an der Industriezon, déi a Brand geroden ass, soll et sech ëm eng Anlag vun der Londoner Entreprise London Energy handelen. Ënnert anerem eng Partie Linne vun der Metro a Verbindungen am Zuchtrafic hunn och missen deels zäitweis ënnerbrach ginn.
Kee gouf beim Brand blesséiert, all d'Mataarbechter konnten a Sécherheet bruecht ginn. Och Mataarbechter aus engem Amazon-Liwwerzentrum um selwechten Industriegebitt gouf aus Sécherheetsgrënn evakuéiert, d'Gebai ware schlussendlech awer net vum Feier betraff, sou BBC News. D'Ursaach vum Feier ass den Ament nach net gekläert.