
Wéi et heescht, wieren d'Ekippen géint 18:41 Auer op Bullange (Büllingen) a däitsch-belschen Deel vun der Äifel geruff gi sinn. D'Awunner aus dem zerstéierten Haus goufe betreit an enzwousch anescht ënnerbruecht. Ma praktesch iwwerall an der Äifel goufe Beem entwuerzelt a hunn deelweis Stroosse verspaart, virun allem am Raum Amel, Büllingen, Bütgenbach a Weismes.
Och zu Ligneuville beispillsweis goufe schwéier Schied gemellt. An der Route du Waud an an der Rue de la Centrale sinn dem "Grenzecho" no eng Partie Diecher beschiedegt ginn. Och e Bam soll an eng Veranda gefall sinn.
Persoune goufen, souwäit den Informatiounsstand bis elo, net blesséiert. Am Laf vum Owend huet sech d'Wiedersituatioun no an no berouegt.