De Kontrast tëscht deenen zwee hätt net kënne méi grouss sinn an et goung nawell héich hier. Kee vu béiden huet mat perséinleche Kriticken un deem anere gespuert.
Een, dee gehofft hat, am Live-Televisiounsdebat Kamal Harris vs. Donald Trump eppes substantiell Neies iwwer d’politesch Visioune vun deenen zwee gewuer ze ginn, dee gouf enttäuscht. Mee dat war eigentlech net weider iwwerraschend.
De Spillreegele vum Debat no hätt eigentlech nëmmen dem Kandidat säi Mikro sollen ageschalt sinn, dee grad d’Wuert hat. An dat war, fir ze verhënneren, dass een deen aneren ënnerbrécht.
Dat war d’Theorie. An der Praxis waren awer dacks all d’Mikroen un an d’Moderatore sinn am Laf vum Debat ëmmer méi iwwerfuerdert gewiescht, fir besonnesch den Donald Trump ënner Kontroll ze halen.
Et war och zimmlech egal, wat fir eng Froen d’Journalisten den zwee Kandidate gestallt hunn, well souwuel d’Kamala Harris wéi och den Donald Trump hunn déi Froe gréisstendeels ignoréiert.
D’Harris huet wéinstens probéiert, bei hire Statements am Kader vum jeeweilege Sujet ze bleiwen an huet och eenegermoosse sachlech iwwer d’Ekonomie, d’Immigratioun, d’Kricher an der Gazasträif an an der Ukrain, souwéi de Klimawandel geschwat. Si huet sech och am Toun net vum Trump provozéiere gelooss an et dobäi awer fäerdeg bruecht, hien ze provozéieren. Doduerch, dass si zum Beispill gesot huet, hie wier schwaach a liicht ze manipuléieren. Dowéinst wier hien och esou beléift bei auslänneschen Diktatoren.
Den Donald Trump dogéint huet, wéi dat bei him üblech ass, drop lass geschwat. Hien ass vun Hippches op Haapches komm, mee en ass fréier oder spéider ëmmer erëm bei der illegaler Massenimmigratioun gelant. Hien huet déi Awanderer responsabel gemaach fir Aarbechtslosegkeet a Kriminalitéit, an och behaapt, zu Springfield am Ohio géinge si de Leit hir Hënn a Kaze klauen, fir se dann z’iessen.
Wann den Debat och politesch näischt Neies bruecht huet, sou huet en awer d’Ënnerscheeder tëscht den zwee Kandidate Kamala Harris an Donald Trump ganz däitlech zum Ausdrock bruecht.
Sproochlech gouf et déi gewinnt éischter rau Attacke vum Donald Trump. Och um Joe Biden, well dee sech aus der Course ëm d’Presidentschaftskandidatur zeréckgezunn huet. Hie wier e “schwaachen an erbäermleche Mann”, sou den Trump.
D’Kamala Harris huet hire Kontrahent virun allem attackéiert, andeems si him reprochéiert, d’USA wëllen ze splécken. Eng Abberzuel un Aussoen a Pläng géifen dat beleeën, beispillsweis d’Avortementsverbueter oder d’Migratiounsdebatt. Do reprochéiert den Trump senger Konkurrentin, Millioune vu Krimineller an d’USA eragelooss ze hunn.
Och iwwer international Sujete gouf gestridden. Beispillsweis de Gaza-Krich. Den Trump reprochéiert dem Harris, kee Frënd vun Israel ze sinn. Mat hir am Wäissen Haus géif et den israeelesche Staat geschwënn net méi ginn, huet hie probéiert, Angscht ze maachen, ouni grouss Argumenter ze liwweren.
Fir d’Harris ass den Trump dogéint eng eenzeg international Laachnummer. Si wier als Vize-Presidentin vill ëm d’Welt komm an do géif iwwerall just iwwert hie gelaacht ginn.
An de leschte Sondagen ass d’Harris nëmme ganz knapp virum Trump. D’Demokratin huet och e weidert Duell gefuerdert. Bis ewell ginn et awer nach keng Pläng fir en zweete Face-à-Face.