GriichenlandHistoresch Plaze solle mat eegenem System, fir Feier z'entdecken, equipéiert ginn

RTL mat AFP
Fir se viru Bëschbränn ze schützen, setzt Griichenland bei sengen historesche Plazen a Gebaier op e moderne System, fir Feier z'entdecken, equipéiert.
Och d'Akropolis vun Athen soll mam neie System, fir Bränn z'entdecken, equipéiert ginn
Och d'Akropolis vun Athen soll mam neie System, fir Bränn z'entdecken, equipéiert ginn
© NICOLAS ECONOMOU/NurPhoto via AFP

Den neie Mechanismus wier schonn ënner reelle Konditioune mat Succès um Fouss vun der Akropolis vu Mykene op der Hallefinsel Peleoponnes getest ginn, huet de Kulturministère en Donneschdeg matgedeelt. De System soll elo an 22 historesch Plazen installéiert ginn. De Mechanismus "notzt eng Kombinatioun aus Date vu Wärmebild- an optesche Kameraen", déi an Echtzäit un déi lokal Pompjeeë geschéckt ginn. Beim Test un der Akropolis vu Mykene wier den 31. Juli e Feier séier erkannt ginn, esou de Ministère weider.

Bis Enn August solle sech nei Systemer installéiert ginn, dat ënner anerem un der Akropolis vun Athen, am Nestor-Palast an am Klouschter Hosios Lukas. Am September kommen der dann nach aacht Systemer dobäi.

Griicheland erlieft all Summer schwéier Bëschbränn. An engem eenzegen Dag kënnen Dosende Feier ausbriechen. Zanter Ufank 2026 ass et am Zesummenhang mat dëse Bränn zu 305 Verhaftunge komm, dovunner 272, well d'Leit net opgepasst hunn, an 33 wéinst Brandstëftung.

Back to Top
CIM LOGO