
Déi franséisch Supermarchésketten Intermarché a Coopérative U sinn Affer vun engem Cyberugrëff ginn, deen dozou gefouert huet, datt hir Kill- a Frigoanlagen entdeet sinn, esou déi zwou Firmen e Méindeg. Déi betraffe Filiale hu mussen all frësch a gefruer Produiten ewechgeheien.
D'Paräisser Procureuren hunn de Cyberugrëff confirméiert. Éischten Informatiounen no sollen och aner grouss Chaînë betraff sinn. Den Tëschefall soll op verschiddene Plazen och Bränn ausgeléist hunn.
Dem Fernsee-Sender BFM TV no war och déi gréisst franséisch Chaîne E. Leclerc betraff. Hacker hätten et fäerdeg bruecht, d'Entdeeë vun de Killanlagen a ville Geschäfter op Distanz auszeléisen. Den Internetsite jebosseengrandedistribution.fr mellt, datt och Carrefour Market a Monoprix betraff wieren, wat dës Entreprisen awer bis elo nach net confirméiert hunn.
De Generaldirekter vu Coopérative U Dominique Schelcher huet bestätegt, datt d'Stéiere vun de Killsystemer an der Nuecht op e Méindeg ugefaangen hätt.
"Et ass extrem uerg, Ariichtungen unzegräifen, déi fir d'Konservatioun vu frësche Liewensmëttel a fir d'Liewensmëttelversuergung vun de Fransouse wichteg sinn. Et ass inakzeptabel an onerhéiert", huet hien op X geschriwwen.
Hien huet gesot, datt d'Ekippe mobiliséiert wieren, fir d'Situatioun esou séier wéi méiglech nees an de Grëff ze kréien. D'Procureuren hunn iwwerdeems matgedeelt, datt eng Enquête ageleet gouf. D'Ermëttlungen sollen d'Affer identifizéieren an den Zesummenhang tëscht dem Ugrëff, de Verloschter an den ausgebrachene Bränn etabléieren.
Intermarché huet d'Liewensmëttelverschwendung an de finanzielle Schued verurteelt, ouni genee Zuelen ze nennen. D'Entreprise huet och drop higewisen, datt verschidde Versécherungen esou Zorte vu Schied net ofdecken. Den Tëschefall kënnt an enger Zäit, an där an Europa d'Suergen iwwer d'Geforen duerch Cyberattacken an alle Secteuren zouhuelen.
De franséische President Emmanuel Macron, deen d'Ukrain géint déi russesch Invasioun ënnerstëtzt, hat eréischt leschte Mount zousätzlech Mesurë fir de Schutz vun der kritescher Infrastruktur a Frankräich géint russesch "hybrid Attacken" ugekënnegt.