
De Stuerm weist elo scho Wandspëtzte vun 260 Stonnekilometer op an dierft och nach méi staark ginn. Dat huet den US-Hurrikanzenter NHC en Dënschdeg matgedeelt. Den Hurrikan "Polo" soll deemno viru Mexiko bleiwen a kéint liewensgeféierlech Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen ausléisen a sech weider verstäerken.
D'mexikanesch Autoritéiten wieren an Alarmbereetschaft. Den Unterrecht gouf an e puer Bundesstaaten un der Pazifikküst ausgesat. An de Bundesstaate Guerrero a Michoacán ass immens vill Reen erofkomm. Un de Stränn vun der bei Touriste beléifter Plage Acapulco hunn d'Rettungsekippen Megafoner benotzt, fir viru méiglechen Donnerwiederen ze warnen.
De Wiederphenomeen El Niño suergt aktuell fir méi héich Temperaturen am Pazifik a mécht Tropestierm an dësem Joer besonnesch warscheinlech. Meteorologe rechnen dowéinst mat iwwerduerchschnëttlech ville Stierm.