Offensiv gëtt méi IntensivHuthi-Miliz huet 13 Regierungszaldoten am Jemen ëmbruecht

AFP, iwwersat vun RTL
Ënnert den 13 Regierungszaldoten, déi ëm d'Liewe komm sinn, sollen zwee Offizéier dobäi sinn.
Huthi-Miliz
Huthi-Miliz
© MOHAMMED HUWAIS/AFP

Bei Zesummestéiss mat Kämpfer vun der Huthi-Miliz sinn offizielle Quellen no 13 Regierungszaldoten am Jemen ëmbruecht gi sinn. Déi vum Iran ënnerstëtzen Huthien hätten laanscht d'Frontlinn un der westlecher Küst vum Roude Mier eng grouss ugeluechten Offensiv lancéiert. D'Zil wier et, a Gebidder ze goen, déi vun de Regierungstruppe gehale ginn.

Ënnert den 13 Regierungszaldoten, déi ëm d'Liewe komm sinn, sollen zwee Offizéier dobäi sinn. Déi staatlech Agence Saba mellt hefteg Kämpft tëscht Regierungszaldoten an den Huthien, rieds geet vu Rakéiten- an Dronenattacke vun der Miliz.

Ënnert anerem sinn d'Kämpf ëm Bab al-Mandab nees opgeflaamt. Dës Regioun zielt zu de wichtegsten Handelsstroosse vun der Welt. Virun allem zënter dem Konflikt ëm d'Strooss vun Hormus am Kader vum Krich am Iran huet dëse Passage nach weider u Wichtegkeet gewonnen.

D'Huthie kontrolléiere grouss Deeler am Jemen, dorënner d'Haaptstad Sanaa, sou wéi Gebidder un der Grenz zu de saudi-arabesche Provënzen um Roude Mier. Déi vun Teheran ënnerstëtze Miliz hat Enn Juli eng Séi-Blockad géint Saudi-Arabien annoncéiert an huet zënterhier eegenen Aussoen no saudi-arabesch Ueleg-Tankeren am Mier, wou wéi Pëtrol-Infrastrukturen am Kinnekräich attackéiert. D'Miliz huet domadder souzesoen de Jemen an den Iran-Krich eragezunn.

Back to Top
CIM LOGO