
Eng knapp Majoritéit vu fënnef Konservative riichter haten e Méindeg decidéiert, datt d'Regierung gutt Aussiichten hätt, eng Klo vun der Denkmalschutzorganisatioun National Trust for Historic Preservation géint de Projet ofweisen ze loossen. Den Trump war frou mat der Decisioun vum Ieweschte Geriicht.
D'Geriicht huet betount, domat net iwwer d'Rechtméissegkeet vum Projet decidéiert ze hunn. D'Regierung kéint awer warscheinlech noweise kënnen, datt d'Organisatioun net ofschléissend beweise kéint, duerch de Projet selwer geschiedegt ginn ze sinn an domat och berechtegt fir eng Klo ze sinn. Déi dräi demokratesch Riichter an de konservative Virsëtzende John Roberts hunn der Decisioun widdersprach.
Den Trump huet erkläert, mat der Decisioun vum Geriicht wier déi lescht Gefor fir dëse Projet eliminéiert. De Supreme Court hätt "ouni weider Virbehalter, Onsécherheeten oder Menacen" fir de Bau vum Bal-Sall decidéiert, huet den Trump a sengem Online-Déngscht Truth Social erkläert.
Den National Trust sot sech dogéint déif enttäuscht. De President vun der Organisatioun, de Brent Loggs, huet et allerdéngs "bemierkenswäert" genannt, datt sech d'Majoritéit vun de riichter net dozou geäussert hätt, ob de Projet fir de Bal-Sall dann elo tatsächlech rechtméisseg gewiescht wier.
Den Trump hat am Oktober 2025 den historeschen Ostfligel vum Wäissen Haus ofrappe gelooss, fir Plaz fir ee Bal-Sall fir bis zu 1.000 Gäscht ze schafen. Dem President no wäert hien de Projet privat finanzéieren. US-Medien dogéint beriichten, datt ee groussen Deel vun den antëscht 600 Milliounen Dollar vun de Steierzueler gedroe musse kéinte ginn. Ier d'Bauaarbechte lassgaange sinn, hat den Trump sech net den Accord vum Kongress geholl.