Zuele vu FrontexIllegal Grenziwwerschreidungen an d'EU ëm bal een Drëttel zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
De Frontex-Direkter warnt trotz de réckleefegen Zuele virun enger ze grousser Sécherheet. Op de meeschte Route géifen zwar manner Mënsche probéieren, an Europa ze kommen, d'Situatioun kéint sech awer séier änneren.
"[...] D'Situatioun ka sech séier änneren: Am September goufen op der Atlantikroute Richtung Kanaresch Insele véiermol esou vill Migrante registréiert wéi am August. D'Schleppernetzwierker verschwannen net, wann d'Zuelen erofginn. Si verlageren hir Aktivitéiten a waarden op eng nei Geleeënheet. Mir musse bereet sinn, wa se déi fannen“, esou de Frontex-Direkter Hans Leijtens.
© AFP

D'Zuel vun den illegale Grenziwwerschreidungen an d'Europäesch Unioun ass an den éischten néng Méint vum Joer 2026 däitlech zeréckgaangen. No virleefegen Donnéeë vun der europäescher Grenzschutzagence Frontex goufe gutt 91.000 Grenziwwerschreidunge registréiert. Dat sinn der bal een Drëttel manner wéi an der selwechter Period vum Joer virdrun.

Dëse Réckgang ass op bal all de wichtege Migratiounsroutë festzestellen. Frontex féiert dës Entwécklung ënner anerem op déi verstäerkt Zesummenaarbecht mat Partnerlänner an op präventiv Mesuren an de wichtegsten Departlänner zeréck.

Eleng am September goufe ronn 14.300 illegal Grenziwwerschreidungen detektéiert. Dat entsprécht engem Réckgang vun 28 Prozent am Verglach mam September 2025. Géintiwwer dem August ass d'Zuel allerdéngs ëm 11 Prozent geklommen, wat zum Deel mat de verbesserte Wiederkonditiounen op de Mieresroutë begrënnt gëtt.

De gréisste Réckgang gouf op der zentraler Mëttelmierroutë festgestallt. Hei ass d'Zuel vun den Arrivéeën ëm 56 Prozent op ronn 22.500 gefall. Libyen bleift mat ongeféier dräi Véierel vun den Departen dat wichtegst Ausgangsland op dëser Route. Donieft spillen Tunesien an Algerien eng Roll. Déi heefegst Nationalitéite waren déi bangladeschesch, algeresch a somalesch.

Eng aner Entwécklung weist sech op der westlecher Mëttelmierroute. Si war déi eenzeg grouss Migratiounsroute, op där d'Zuele geklomme sinn. Mat ronn 18.300 registréierte Grenziwwerschreidunge gouf eng Hausse vu 26 Prozent am Verglach mam Joer virdru festgestallt. Besonnesch op der Landgrenz hu sech d'Zuele méi wéi verduebelt. D'Arrivéeën iwwer d'Mier sinn ëm 8 Prozent geklommen.

D'ëstlech an d'zentral Mëttelmierroute bleiwen déi am meeschte genotzte Migratiounsrouten a maachen zesumme bal 60 % vun den Anreesen aus. Wärend d'Zuelen op der zentraler Mëttelmierroute ëm 56 % an op der westafrikanescher Route ëm 45 % gefall sinn, ass déi westlech Mëttelmierroute als eenzeg grouss Route ëm 26 % geklommen.
© Frontex

Bal 2.000 Doudeger am Mëttelmier

Trotz dem allgemenge Réckgang bleift de mënschleche Präis vun der Migratioun héich.

Donnéeë vun der Internationaler Organisatioun fir Migratioun (IOM) no si säit dem Ufank vum Joer bal 2.000 Mënschen am Mëttelmier ëm d'Liewe komm. Vill Migrante riskéieren hiert Liewen a komplett iwwerfëllte Booter, déi dacks net fir d'Mier geduecht sinn.

Frontex weist drop hin, datt Schleuser trotz de Geforen an de schlechten Navigatiounsbedéngunge weiderhi Mënschen op riskant Reese schécken.

Zousätzlech kéinten international Entwécklungen d'Migratiounsbeweegungen an de kommende Méint beaflossen. Besonnesch déi grouss Zuel vun Afghanen, déi aus dem Iran a Pakistan zeréckgeschéckt ginn, souwéi déi politesch Instabilitéit an der Sahel Regioun an Afrika kéinten nei Migratiounsstréim a Richtung Europa ausléisen.

Bis elo hätten dës Entwécklungen allerdéngs nach keng gréisser Auswierkungen op d'Zuelen un den EU-Baussegrenzen.

3.800 Frontex-Beamten am Asaz

Am Kader vum neien EU-Pakt iwwer Migratioun an Asyl, deen ënner anerem eenheetlech Kontrollprozeduren un de Baussegrenze virgesäit, ënnerstëtzt Frontex d'Memberstaaten och bei der Feststellung vun der Nationalitéit, der Erfaassung vu biometreschen Donnéeën an der Iwwerpréiwung vun Identitéitsdokumenter.

Aktuell sinn der Agence no ronn 3.800 Frontex-Beamten un de Baussegrenze vun der Europäescher Unioun am Asaz. Si sollen déi national Autoritéite beim Grenzschutz ënnerstëtzen an dobäi hëllefen, Mënscheliewen um Mier ze retten.

Och wann d'Zuele momentan däitlech zeréckginn, bleift d'Situatioun Frontex no onbestänneg. Besonnesch déi séier Ännerungen op eenzele Migratiounsroute weisen, datt d'Entwécklung weiderhi genee iwwerwaacht muss ginn.

Back to Top
CIM LOGO