Nordrhein-Westfalen Infirmier wéinst Mord u Patiente verurteelt - ronn 120 weider Verdachtsfäll

AFP, iwwersat vun RTL
Am Fall vun engem Infirmier an Nordrhein-Westfalen, dee wéinst dem Mord u senge Patiente verurteelt gouf, ginn d'Ermëttlungen an all Richtunge weider.
Im Fall des wegen mehrfachen Mordes verurteilten Krankenpflegers in Nordrhein-Westfalen weiten sich die Ermittlungen deutlich aus. Gegen den Mann werde in 121 weiteren Verdachtsfällen ermittelt, sagte eine Sprecherin der Staatsanwaltschaft in Aachen.
Et kéint net dee leschte Prozess géint de veruerteelte Fleeger sinn. De Parquet preparéiert eng weider Uklo.
© AFP/Archiv

Géint de fréieren Infirmier gëtt elo an 121 weidere Verdachtsfäll ermëttelt, esou ee Spriecher vum Parquet vun Oochen e Méindeg. Bis ewell goufe schonn 39 Läichen exhuméiert. D'Ermëttlunge ginn deemno bis an de September 2022 zeréck. De fréieren Infirmier war am November vum Landesgeriicht Oochen zum Mord un enger Rei Patiente verurteelt ginn.

Et kéint net dee leschte Prozess géint de Fleeger sinn. De Parquet preparéiert eng weider Uklo. Déi kéint der Spriecherin no warscheinlech d'nächst Joer erhuewe ginn.

Den deemools 44 Joer ale Fleeger war am November wéinst zéngfachem Mord schëlleg gesprach ginn, an a 27 Fäll war versichte Mord festgestallt ginn. Hie krut eng liewenslaang Prisongsstrof. D'Doten hat den Ugekloten deemno tëscht Dezember 2023 a Mee 2024 an engem Spidol zu Würselen bei Oochen begaangen.

Den Infirmier hätt den dacks alen a fleegebedierftege Patiente Medikamenter gesprëtzt, virun allem d'Berouegungsmëttel Midazolam. Dem Geriicht no huet de Mann sech duerch den
Zoustand vun de Patienten a sengem Wuelbefannen a sengem Uerdungssënn gestéiert gefillt. Hien hätt de Patienten hiren Doud duerch d'Medikamenter a Kaf geholl.

Back to Top
CIM LOGO