Déidlechen Ugrëff op Gefaangenentransport a FrankräichInterpol sicht nom 30 Joer alen Mohamed Amra aka "La Mouche"

RTL Lëtzebuerg
E Virfall en Dënschdeg de Moien op der Péage-Statioun bei Incarville an der Normandie huet Frankräich schockéiert.
© RTL-Grafik mt Afp

Wat ugefaangen huet wéi ee ganz normale Gefaangenentransport, ass bluddeg ausgaangen. Nodeems den Transporter aus der Péage-Statioun op der franséischer A154 erausgefuer ass, gouf e vun engem geklauten Auto frontal gerammt. Aus dem Won sprange véier schwéier arméiert Persounen, déi net laang zécken an ufänken, ze schéissen. Si befreien de Prisonéier a maache sech duerch d’Bascht, wéi och an engem Video vum Virfall ze gesinn ass. Méi spéit gëtt an der Géigend vun der Autobunn A13 een ausgebrannte Fluchtauto fonnt.

Zwee Giischtercher goufe bei der Attack erschoss, dräi anerer goufe schwéier blesséiert. Der franséischer Parlamentscheffin Yael Braun-Pivet no hannerloossen déi zwee Affer eng Fra an zwee Kanner respektiv eng Fra, déi am fënnefte Mount schwanger ass. “D’Auteure vun dësem kriminellen Ugrëff dierfen net ongestrooft bleiwen”, esou d’Yael Braun-Pivet.

© Alain Jocard / AFP

Aus dësem Grond sicht elo och Interpol mat enger sougenannter “Red Notice” no dem 30 Joer ale Mohamed Amra, dem Prisonéier, deen aus dem Gefaangenentransport konnt flüchten.

Wéi d’Lëtzebuerger Police eis op Nofro hi preziséiert, ass eng “Red Notice” vun Interpol vergläichbar mat engem Signalement am Schengener Informatiounssystem, mam Ënnerscheed, datt dësen eng nach méi international Envergure huet. Normalerweis wieren dës Signalementer intern fir d’Autoritéite geduecht, ma ee Parquet oder Cabinet d’instruction kéint a verschiddene Fäll decidéieren, och d’Ëffentlechkeet an d’Sich mat anzebannen.

Am konkrete Fall vum Mohamed Amra géif géint hien een internationalen Haftbefeel virleien. “Sollt dës Persoun also zu Lëtzebuerg ugetraff ginn, gëtt si no Récksprooch mam Parquet verhaft, en Vue vun enger Ausliwwerung an dat betreffend Land, an dëst op Autorisatioun vun den entspriechenden Autorités judiciaires”, heescht et vun der Police.

De Fransous, deen och nach ënnert dem Spëtznumm “La Mouche” bekannt ass, war leschte Freideg zu Evreux wéinst engem Abroch verurteelt ginn. Zu Marseille gëtt iwwerdeems géint de Mohamed Amra wéinst Entféierung a Sequestratioun mat Doudesfolleg ermëttelt, wéi déi franséisch Agence géint organiséiert Kriminalitéit Junalco confirméiert huet. Hie steet am Verdacht, Chef vun engem Drogekartell ze sinn.

Bis elo feelt nach ëmmer all Spuer vun den Täter a vum flüchtege Prisonéier. Vun der franséischer Police gëtt et aus ermëttlungsteschnesche Grënn fir den Ament keng weider Detailer iwwert de Stand vun der Sich no den Täter.

Back to Top
CIM LOGO