Kämpf am JemenIran a Saudi-Arabien schwätzen iwwer "Eskalatioun vun de Spannungen"

AFP, iwwersat vun RTL
D'Huthi kontrolléieren aktuell grouss Deeler vum Jemen, dorënner d'Haaptstad Sanaa a Regiounen un der Grenz mat de saudi-arabesche Provënze beim Roude Mier.
Kämpfer, déi solidaresch mat der Regierung am Jemen sinn, exerzéieren an der Haaptstad Sanaa.
Kämpfer, déi solidaresch mat der Regierung am Jemen sinn, exerzéieren an der Haaptstad Sanaa.
© MOHAMMED HUWAIS/AFP

D'Ausseminister vum Iran a Saudi-Arabien hu sech en Donneschdegowend iwwer Telefon iwwert déi aktuell Situatioun am Noen Osten ausgetosch. Dat virum Hannergrond vun der Eskalatioun vum Kampf vun der Huthi-Miliz géint d'Regierung am Jemen. Am Telefonat goung et ëm eng "Eskalatioun vun de Spannungen" an der Regioun. Wéi et vum Ausseministère zu Teheran heescht, hätten den Abbas Aragtschi a säi saudi-arabeschen Homolog Faisal bin Farhan sech iwwert d'Onsécherheeten ausgetosch, déi an der Regioun ëmmer méi grouss géife ginn. Béid Länner hätten ënnerstrach, dass si hir diplomatesch Beméiunge misste weiderféieren, fir eng Ausbreedung vun de Spannungen ze verhënneren an d'Stabilitéit an der Regioun nees hierzestellen.

De Krich vun den Huthi-Rebelle géint d'Regierung am Jemen gëtt am Communiqué vum iraneschen Ausseministère net explizitt genannt. An engem separate Schreiwes aus Teheran heescht et awer, dass et onméiglech wier, de Konflikt am Jemen militäresch ze léisen.

D'Huthi kontrolléieren aktuell grouss Deeler vum Jemen, dorënner d'Haaptstad Sanaa a Regiounen un der Grenz mat de saudi-arabesche Provënze beim Roude Mier. D'lescht Woch haten d'Rebellen eng grouss Offensiv lancéiert fir d'Kontroll iwwer d'Küst laanscht déi wichteg Mierengt Bab el-Mandeb ze kréien.

Saudi-Arabien an den Iran ënnerstëtzen am Konflikt am Jemen jo géigneresch Parteien: Wärend Riad hannert der Regierung steet, ënnerstëtzt Teheran d'Huthi-Miliz militäresch a finanziell.

Back to Top
CIM LOGO