
Déi iranesch Staatsmedien hu gemellt, dass keng Gespréicher tëscht den USA an dem Iran virgesi wieren. Den Donald Trump hat e Sonndeg an Aussiicht gestallt, dass geschwënn erëm Verhandlunge kéinten opgeholl ginn, nodeems hien den iranesche 7-Punkten-Plang, de Krich op en Enn ze bréngen an d'Strooss vun Hormus erëm opzemaachen, refuséiert hat.
Der iranescher Noriichtenagence Irna no wiere leschten Dënschdeg, via Intermediaire aus dem Qatar, déi iranesch Positioune kloer matgedeelt ginn an dass hir Delegatioun, déi op New York gereest ass, fir un der UNO-Vollversammlung deelzehuelen, keng nei Gespréicher géing féiere mat US-amerikanesche Vertrieder.
Well net gewosst ass, wéi et an de Verhandlungen tëscht de Konfliktparteie weidergeet, ass den Uelegpräis erëm geklommen. Ee Barrel (159 Liter) vun der Nordséi-Zort Brent huet e Méindeg de Moie mat 107,45 Dollar um asiatesche Marché méi wéi 3 Prozent méi kascht wéi e Sonndeg. Déi US-amerikanesch Zort WTI ass ronn zwee Prozent méi deier ginn an op 94,2 Dollar geklommen.