
D'iranesch Revolutiounsgarden hätten, eegenen Aussoen no, eng amerikanesch Ënner-Waasser-Dron an der Strooss vun Hormus saiséiert. Et géif sech ëm en "intelligent U-Boot" handelen, dat mat der weltwäit neister Technologie ausgerëscht wier. Et wéilt een deemnächst Biller vun der Dron verëffentlechen, huet en Dënschdeg an enger Erklärung vun de Revolutiounsgarden op der iranescher Staatstëlee geheescht.
Vun den iranesche Medien heescht et antëscht, zu de wichtegste Kapazitéite vun der Dron géingen d'Ënnerwaasser-Opklärung, d'Vermiessung vum Mieresbuedem, d'Sich no Minnen an d'Inspektioun vun Ënnerwaasser-Kabelen a -Pipelines zielen.
Teheran blockéiert déi fir de weltwäiten Ueleg-Handel esou wichteg Mierengt jo wéinst dem Krich mat den USA. Déi blockéieren am Géigenzuch iranesch Häfen. Als Suite sinn d'Pëtrolspräisser weltwäit geklommen.