
Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn nees en Tanker an der Strooss vun Hormus ugegraff. Dat mellt déi iranesch Noriichtenagence IRNA a seet, d’Schëff, dat ënnert dem Fändel vum Togo ënnerwee war, hätt eng illegal Route benotzt a wier dohier ugegraff a festgesat ginn.
Och déi brittesch Schëfffaartsautoritéit UKMTO huet eng Attack op en Tanker gemellt an där Regioun, ouni awer ze preziséieren, ënner wéi engem Fändel et ënnerwee war. D'Schëff wier vun engem net identifizéierte Projektil getraff ginn, wouropshin e Feier ausgebrach wier. Dëst hätt kënne geläscht ginn an d'Besatzung wier a Sécherheet, sou d'Autoritéit weider. Schonn en Donneschdeg war an der Strooss vun Hormus en änleche Virfall gemellt ginn.
Den Iran erlaabt de Passage aktuell jo just un där Säit, déi no un hirem Territoire läit an dofir brauch een och eng Autorisatioun. Béides wier awer hei net geschitt, sou Teheran.