Schëss an ExplosiounenIsraeelesch Arméi fiert mat Asaz am Westjordanland weider

RTL Lëtzebuerg
D'Situatioun zu Dschenin am Westjordanland huet sech um zweeten Dag vum israeeleschen Arméi-Asaz verschäerft.
© AFP

De Gouverneur vun der Stad, de Kamal Abu al-Rub, huet d’Situatioun géigeniwwer der Noriichtenagence AFP e Mëttwoch als schwiereg bezeechent. Et wier zu Schëss an Explosiounen an enger Siidlung fir Flüchtlinge komm.

Israeelesch Zaldoten hätten iwwerdeems an den Dierfer ronderëm d’Stad 20 Persoune festgeholl an alleguer d’Stroossen, déi bei d’Flüchtlingslager a bei d’Spidol géife féieren, zerstéiert. Eng 200 Persoune géifen den Ament am Bannenhaff vum Spidol festhänken.

Dem Nadav Schoschani, Spriecher vun der israeelescher Arméi no, géif et sech dobäi ëm eng Sécherheetsmesure handelen, déi en place gesat gouf, wärenddeem d’Arméi Sprengkierper géif entschäerfen. Bis wéini dës géing gëllen, kéint hien den Ament nach net soen. Et géing keng Opfuerderung zur Evakuéierung vun der Stad ginn, ma Zivilisten, déi d’Stad wéilte verloossen, wiere fräi, dat ze maachen.

Op enger vun den Haaptstroosse vun Dschenin wieren engem AFP-Reporter no Iwwerwaachungskameraen installéiert ginn an israeelesch Sécherheetskräften géife Passante kontrolléieren.

Dem palästinensesche Gesondheetsministère no wiere beim israeeleschen Asaz op d’mannst zéng Leit ëmbruecht ginn a 35 weiderer wiere blesséiert ginn. Der israeelescher Arméi no géing et sech bei alleguer der Verstuerwenen ëm Terroristen handelen. Si wiere bei Loftugrëffer eliminéiert ginn. Dem israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz no wier den Asaz wichteg, fir Terroristen am Lager zu Dschenin ze eliminéieren an ze verhënneren, dass sech eng nei Terrosr-Front forméiert.

Back to Top
CIM LOGO