An Haus agekesselt a mat Steng geheitIsraeelesch Siidler attackéiere Palästinenser am Westjordanland

AFP, iwwersat vun RTL
Dosenden israeelesch Siidler hunn am Westjordanland dat palästinensescht Duerf Kusra ugegraff.
Dutzende israelische Siedler haben das palästinensische Dorf Kusra im besetzten Westjordanland angegriffen. Bewohner und die israelische Armee berichteten von Steinwürfen und gewaltsamen Zusammenstößen. Es soll auch Verletzte gegeben haben.
Israel besetzt d'Westjordanland zanter dem Enn vum Sechsdeegkrich 1967.
© AFP

Awunner an d'israeelesch Arméi hu vu gewaltsamen Ausernanersetzungen erzielt, bei deene Palästinenser blesséiert gi wieren. Zu Kusra, am Norde vum Westjordanland, ginn et zanter Ufank August Spannungen tëscht Siidler a Palästinenser.

Een Awunner huet der AFP géigeniwwer gesot, datt fir d'éischt e klenge Grupp vu Siidler bei Palästinenser gaange sinn, déi un engem Haus geschafft hunn. Dono wieren d'Siidler mat Dosende weider Leit zréckkomm, hätten d'Palästinenser am Haus agekesselt a mat Steng op si geheit.

Der israeelescher Arméi no wieren Zaldoten a Grenzpolizisten no Meldungen iwwer "gewaltsam Zesummestéiss" op d'Plaz geschéckt ginn. Do hätte si Dosenden israeelesch "Randaléierer" fonnt, déi sech zesumme mat Palästinenser an engem palästinenseschen Haus verbarrikadéiert hätten. D'Sécherheetsleit hätten d'Siidler aus dem Gebai bruecht an e puer vun hire Gefierer als Beweismëttel saiséiert.

Schonn Ufank August hate Siidler bei Kusra e puer palästinensesch Haiser belagert an Awunner vu Liewensmëttel an anere Versuergungsgidder ewechgehalen. Den US-Ambassadeur Mike Huckabee, deen dofir bekannt ass, fir d'israeelesch Siidlungen am Westjordanland ze sinn, hat d'Virgoen deemools ongewéinlecherweis als "schrecklech Terrordot" verurteelt. Och d'UN an d'EU haten Israel opgefuerdert, z'intervenéieren.

Israel besetzt d'Westjordanland zanter dem Enn vum Sechsdeegkrich 1967. Ronn dräi Millioune Palästinenser an iwwer 500.000 israeelesch Siidler liewen do. D'Siidlunge sinn dem Vëlkerrecht no illegal.

Back to Top
CIM LOGO