
D'israeelesch Arméi huet Berichter confirméiert, deenen no israeelesch Sécherheetsleit Palästinenser wärend Befroungen am Westjordanland mat Nummere markéiert hunn. D'israeelesch Zeitung "Haaretz" hat virdru gemellt, datt Zaldoten de Betraffenen an der Géigend vun der Stad Dschenin bei engem Asaz e Méindeg mat Textmarker Nummeren op hir Gesiichter a Kierper geschriwwen hätten.
An e puer israeelesche souwéi soziale Medie goufen och Opname verëffentlech, déi e betraffene Palästinenser weise sollen, op deem senger Stier d'Zuel 44 steet. Den oppositionellen arabeschen Deputéierten Ahmed Tibi huet op X dobäi geschriwwen, datt esou Entmënschlechung ausgesi géing. "E Bild, dat un däischter Zäiten erënnert an all Mënsch schockéiere sollt."
D'israeelesch Arméi huet op Nofro hi matgedeelt, datt "wärend engem Asaz am Gebitt vu Kabatija Sécherheetsleit Verdächteger, déi am Kader vun der Operatioun verhéiert goufen, gekennzeechent hunn". D'Kommandanten hätten d'Zaldoten ausdrécklech dorop higewisen, wéi uerg dat Verhale wier. Aus dem Virfall wiere Léiere gezu ginn.
Et ass net déi éischte Kéier, datt esou eng "Praxis" gemellt gëtt. Der "Times of Israel“ no hat d'Arméi schonn am Abrëll en änlechen Avis publizéiert. Deemools ware Palästinenser, déi vum israeelesche Militär an engem Flüchtlingsquartier kontrolléiert goufen, mat Zuelen op den Hänn markéiert ginn.
D'israeelesch Arméi hat e Méindeg eegenen Aussoen no zu Kabatija 100 Gebaier duerchsicht an zwee Palästinenser festgeholl, déi verdächtegt géinge ginn, Attentater geplangt ze hunn. Weider Leit wiere verhéiert ginn. Berichter no wieren déi Betraffen awer och geschloe ginn. D'israeelescht Militär huet sech net zu deene Reprochë geäussert.
Gewalt am Westjordanland huet zougeholl
D'Situatioun am besate Westjordanland huet sech zanter der Attack vun der Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem duerno ausgebrachene Gaza-Krich weider verschäerft.
Dem palästinensesche Gesondheetsministère no sinn zanterhier méi wéi 1.100 Palästinenser am Westjordanland ëm d'Liewe komm – ënner anerem bei israeelesche Militärasätz a bewaffneten Ausernanersetzungen. Gläichzäiteg huet och d'Gewalt vu radikalen israeelesche Siidler géint Palästinenser däitlech zougeholl.