
Déi israeelesch Autoritéiten hunn zougestëmmt, datt 19 nei Siidlunge solle gebaut ginn. Domadder si si engem Virschlag vum rietsextreme Finanzminister Bezalel Smotrich an dem Verdeedegungsminister Israel Katz nokomm. D’Zuel vun de Siidlungen, déi an de leschten dräi Joer autoriséiert goufen, klammen domadder op 69.
Mat dësem Schratt wëll een dem Smotrich no verhënneren, datt e Palästinenserstaat gegrënnt soll ginn. Datt d’Palästinenser en eegene Staat solle kréien, gëtt jo vu ville Länner op der Welt ënnerstëtzt. Net all Land awer, wat fir dëse Schratt ass, huet esou ee Staat schonn unerkannt. Dozou ziele jo och eis däitsch Noperen.
Déi rietsgeriicht israeelesch Regierung gesäit awer e Palästinenserstaat als Menace fir d’Sécherheet vun Israel. “Mir blockéieren op der Plaz d’Schafe vun engem palästinenseschen Terroristestaat”, esou de Smotrich am Kader vun der Autorisatioun, fir 19 weider Siidlungen am Westjordanland opzeriichten. “Mir wäerten d’Land vun eise Virfaren weiderentwéckelen, opbauen a besidelen, am Glawen un d’Gerechtegkeet vun eisem Wee.” De rietsextreme Finanzminister gehéiert jo zu de Supporter vun der Siidlungspolitik vun Israel.
Israel besetzt jo d’Westjordanland zanter dem Enn vum Krich vun 1967, dee ronn sechs Deeg gedauert huet. Am Gebitt liewen eng 3 Millioune Palästinenser a 500 Israeelien. Dem internationale Recht no sinn all déi israeelesch Siidlungen illegal. Esouguer dem israeelesche Recht no si verschidde vun den Ausseposten net legal, vill goufen awer vun den israeeleschen Autoritéite legaliséiert.