Trotz internationaler KritikIsrael plangt weider Siidlungen am Westjordanland

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Friddensléisung an der Regioun géif anescht ausgesinn, sou kritiséiere vill Länner.
© ILIA YEFIMOVICH/AFP

Trotz internationaler Kritik plangt Israel weider Siidlungen am palästinensesche Westjordanland. Sechs westlech Länner fuerderen d'Regierung zu Jerusalem an engem gemeinsame Schreiwes elo op, domadder opzehalen.

Frankräich, Groussbritannien, Däitschland, Holland, Kanada a Norwegen soe kloer, dass déi international Reputatioun vun Israel ferme géif drënner leiden, wa weider Siidlungen op Plazen entstinn, wou se näischt ze sichen hunn. An enger Erklärung ruffen d'Länner Israel explizit dozou op, d'Pläng "direkt nees zeréckzehuelen an d'Ausbreede vun de Siidlungen am Westjordanland op en Enn ze bréngen."

Eng Friddensléisung an der Regioun géif anescht ausgesinn, heescht et weider am gemeinsame Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO