3 Joer no der TerrorattackIsraeelesch Arméi an Alarmbereetschaft virum Joresdag vun der Hamas-Attack

RTL mat AFP
Dem israeelesche Geheimdéngscht no plangt d'Hamas op deem Dag Attacke géint déi israeelesch Truppen, déi an der Gazasträif stationéiert sinn.
© Israeli Army / AFP

Den israeelesche Verdeedegungsminister huet en Dënschdeg matgedeelt, datt hien d'Arméi an Alarmbereetschaft versat huet, e puer Deeg virum drëtte Joresdag vun der Attack vun der Hamas de 7. Oktober 2023. Och huet hien d'Leit am Gaza gewarnt, datt si en "héije Präis" géife bezuelen, wann déi israeelesch Truppen deen Dag ugegraff géife ginn.

De Büro vum Verdeedegungsminister Israel Katz sot, den Uerder kéim "duerch Informatioune vum Geheimdéngscht, deenen no d'Hamas vir hätten, fir op deem Dag Attacken an Terroroperatioune géint eis Truppen am Gaza duerchzeféieren".

"Sollt eisen Truppe Schued zougefüügt ginn, wäerten d'Hamas an d'Populatioun an der Gazasträif en héije Präis dofir bezuele mussen. Dat an engem Ausmooss, dat all Verhältnisser sprengt," steet et an der Deklaratioun.

Back to Top
CIM LOGO