
Auslänner, déi net gutt Italieenesch schwätzen, sollen deemno an Zukunft héchstens 30 Prozent vun enger Klass ausmaachen, wéi déi rietsgeriicht Regierungscheffin Giorgia Meloni en Donneschdeg matgedeelt huet. D'Meloni hat d'Nouvelle Enn d'lescht Woch schonn ugekënnegt.
D'Dekreet, dat elo decidéiert gouf, viséiert dem Educatiounsminister Giuseppe Valditara no virun allem nei zougewandert Schüler. Kanner, déi an Italien gebuer sinn oder Schüler, déi schonn an enger italieenescher Spillschoul waren, sollen net ënnert déi nei Reegele falen.
Dem Valditara no ginn et aktuell ronn 34.000 Klassen, an deene méi wéi 30 Prozent vun de Schüler auslännesch Originnen hunn. Déi meescht dovu wieren awer vun der neie Reegel net betraff.
Huet e Kand uerg Schwieregkeete bei der schoulescher Integratioun, sollen d'Sozialservicer ageschalt ginn. D'Eltere mussen da gratis Italieeneschcoursë maachen. Wien dat net mécht, muss mat enger Geldstrof vu bis zu 1.000 Euro rechnen.
Eng 30-Prozent-Grenz fir auslännesch Schüler pro Klass gëtt et an Italien schonn zanter 2010. Allerdéngs war dës bis ewell flexibel a konnt jee no Sproochekenntnisser vun de betraffene Schüler erop- oder erofgesat ginn.
Fir d'Gesiichtsverschleierun gëllt schonn zanter 1975 an Italien e Verbuet vu Kleedungsstécker, déi ouni valabele Grond eng Identifikatioun méi schwéier maachen. Dat héchst Verwaltungsgeriicht vum Land hat 2008 allerdéngs decidéiert, datt eng Vollverschleierung aus reliéisen oder kulturelle Grënn zoulässeg ass, soulaang d'Gesiicht fir d'Identifikatioun gewise gëtt.
Virun de Parlamentswalen, déi fir 2027 geplangt sinn, gehéiere Migratioun an Integratioun zu de wichtegste Walkampftheemen an Italien. Donieft kritt d'Meloni vu riets Konkurrenz duerch d'Partei Futuro Nazionale (FN), déi eréischt am Februar gegrënnt gi war, net zu der Regierungskoalitioun gehéiert an a Sondagen ëmmer méi un Zoustëmmung gewënnt. D'FN hat am Juli scho méi e strengt Virgoe géint Burkaen a Schoule gefuerdert.
Bei der neier Reegel handelt et sech ëm e sougenannte Gesetzesdekreet. Eng Mesure, déi d'italieenesch Regierung virop ouni parlamentaresch Zoustëmmung huele kann, déi awer bannent 60 Deeg no der Publikatioun vum Parlament an e Gesetz muss ëmgewandelt ginn.
Gesetzesdekreeter sinn der italieenescher Verfassung no fir Noutsituatioune geduecht. Regierunge vun ënnerschiddleche politesche Richtungen notzen dat Instrument awer zanter ville Jore reegelméisseg - trotz Kritik vun italieenesche Verfassungsrechtler.