WestjordanlandIwwer 100 israeelesch Siidler attackéiere palästinensescht Duerf

AFP, iwwersat vun RTL
En Dënschdeg hunn iwwer 100 israeelesch Siidler e palästinensescht Duerf am occupéierte Westjordanland ugegraff.
Mehr als hundert israelische Siedler haben am Dienstag ein Dorf im besetzten Westjordanland attackiert. Bei dem Angriff auf das Dorf Dschalud im Norden des Palästinensergebiets wurden nach Angaben der israelischen Armee zwei Häuser in Brand gesetzt.
Bei der Attack op eng palästinensesch Famill sinn dräi israeelesch Poliziste vu Siidler blesséiert ginn.
© AFP

Bei der Attack op d'Duerf Dschalud am Norde vum Palästinensergebitt sinn Aussoe vun der israeelescher Arméi no zwee Haiser a Brand gesat an dräi israeelesch Poliziste blesséiert ginn. E Verdächtege gouf festgeholl, zwee Mineure ginn interrogéiert.

D'Siidler hunn d'Duerf attackéiert, wéi d'israeelesch Arméi soll versicht hunn, eng palästinensesch Famill zeréck bei hiert Haus ze bréngen, aus deem si virun zwee Méint vu Siidler verdriwwe goufen. Méi wéi 100 Israeelien hätte versicht, de Retour vun der Famill ze verhënneren. Et wiere Stroosse blockéiert, Pneuen a Brand gesat, Steng geheit, sou wéi Haiser a Gefierer vu Palästinenser a Brand gesat ginn.

D'Famill konnt net an d'Duerf zeréck, hiert Haus ass och weiderhi vu Siidler occupéiert. Doriwwer ob och Membere vun der Famill bei der Attack zu Schued koumen, gëtt näischt gesot.

Bei engem weidere Virfall, och en Dënschdeg, sinn dem Palästinensesche Rouden Hallefmound no dräi Persoune blesséiert ginn, déi am Gebitt Dschamala, an der Géigend vun der Stad Ramallah, vun israeelesche Siidler attackéiert a geschloe gi sinn. Si goufen an e Spidol bruecht.

Zanter dem Sechs-Deeg-Krich vun 1967 hält Israel d'Westjordanland besat. Dräi Millioune Palästinenser liewen hei, genee wéi och eng hallef Millioun Israeelien. D'Siidlungen, déi d'Israeelien hei bauen, sinn nom Vëlkerrecht illegal. Hire Bau gouf a gëtt ënnert der Regierung vum aktuelle Premier Benjamin Netanjahu staark virugedriwwen.

Back to Top
CIM LOGO