Daach vun Disko a Koup gefallIwwer 184 Doudeger, dorënner Sänger Rubby Pérez a Baseballspiller Octavio Dotel

RTL Lëtzebuerg
Um fréien Dënschdeg sinn an der Dominikanescher Republik op d'mannst 184 Mënschen ëm d'Liewe komm, wéi en Daach vun enger Disko an de Koup gefall ass.
© AFP

D’Zuel vun den Doudegen, nodeems den Daach vun enger Disko an der Dominikanescher Republik an de Koup gefall ass, ass rezentsten Aussoen no op op d’mannst 184 geklommen. Dëst huet de Chef vum Rettungsdéngscht Juan Manuel Méndez e Mëttwoch am Nomëtte matgedeelt. Iwwer 150 weider Leit wiere beim Ongléck an der Haaptstad Santo Domingo an der Nuecht op en Dënschdeg blesséiert ginn. D’Rettungsekippe sichen nach ëmmer an den Debrisen no Dosende Leit, déi vermësst ginn. Am fréie Mëttwochmoie war nach vun op d’mannst 98 Doudege rieds.

Wéi lokal Medie mellen, ass am beléifte Club “Jet Set” wärend engem Optrëtt vum bekannte Merengue-Sänger Rubby Perez bemol den Daach an de Koup gefall. D’Schicksal vum 69 Joer ale Sänger war laang onkloer. Seng Duechter huet uganks nach erkläert, datt hire Papp iwwerlieft hätt an och säi Manager hat am Ufank nach Hoffnung.

“Et ass ganz plëtzlech geschitt. Ech hu gemengt, et gëtt en Äerdbiewen, also hunn ech mech op de Buedem geheit a mäi Kapp bedeckt”, huet de Manager vum Sänger, den Enrique Paulino, erkläert. “Ee vun eise Saxophonisten ass dout. Mir hu probéiert, bei de Rubby ze kommen, mä d’Stécker do waren ze grouss.” Kuerz drop koum déi traureg Meldung, datt de Sänger gestuerwe wier.

Ënnert den Doudegen ass och den dominikanesche Baseballspiller Octavio Dotel, deen ëmmerhi 15 Saisonen an der amerikanescher MLB gespillt huet. Hie konnt nach lieweg aus den Debrise vum Gebai gebuerge ginn, ass awer um Wee an d’Spidol gestuerwen.

Wéi vill Leit effektiv an der Disko waren, wéi et zum Ongléck koum, hunn d’Autoritéite bis ewell net offiziell matgedeelt. Medien no waren et tëscht 500 an 1.000 Leit. Bei der Sich no hinne sinn aktuell eng 370 Persoune bedeelegt. Biller aus der Loft weisen e grousst Lach do, wou virdrun den Daach vum Gebai war.

“Dat wichtegst Zil ass et, fir Liewen ze retten”, esou de President Luis Abinader bei sengem Besuch vun der Plaz. Ënnert den Doudegen ass dem President no och d’Gouverneurin vun der Provënz Monte Cristi. D’Nelsy Crus soll am Spidol un de Suitte vun hire Blessure gestuerwe sinn.

De President vun der Dominikanescher Republik, de Luis Abinader, huet entretemps eng Staatstrauer vun dräi Deeg ausgeruff.

Back to Top
CIM LOGO