
An der westkanadescher Provënz British Columbia hu missen zënter e Freideg méi wéi 20.000 Leit evakuéiert ginn, nodeems e grousse Bëschbrand sech séier ausgebreet huet. Staarke Wand huet d'Flamen an der Géigend vun der Bald Range, no beim Okanagan-Séi, ugedriwwen. D'Feier huet schonn eng Fläch vu méi wéi 10.000 Hektar zerstéiert an ass eng Gefor fir verschidde Gemengen an der Ëmgéigend.
De Premier vun der Provënz, den David Eby, huet matgedeelt, datt et bedeitend Schied u Gebaier gouf. Verschidde Leit waren duerch déi séier Entwécklung vum Feier isoléiert ginn, sou datt och Evakuatioune mam Helikopter hu misse gemaach ginn. Lokale Medien no goufen eleng an der Uertschaft Faulder iwwer 50 Persoune via Helikopter gerett.
Wéinst der schlëmmer Situatioun huet d'Provënzregierung den Noutstand ausgeruff. Och de kanadesche Premier Mark Carney huet de Pompjeeë Merci gesot an ënnerstrach, datt d'Bundesregierung bereet ass, British Columbia z'ënnerstëtzen. Hien huet seng Solidaritéit mat de Betraffenen ausgedréckt, déi hiert Doheem hu misse verloossen.
D'Autoritéite warnen, datt de Bëschbrand nach ëmmer ganz aktiv ass an d'Läschaarbechten duerch d'Konditioune weider erschwéiert ginn. Kanada ass an de leschte Jore ëmmer méi dacks vu schwéieren a zerstéierende Bëschbränn betraff, wat och mam Klimawandel an de méi héijen Temperaturen a Verbindung bruecht gëtt.