Wéinst BëschbrännIwwer 200 Leit um Gardaséi evakuéiert, och Touristen

RTL Lëtzebuerg
Am Weste vum Gardaséi, wou aktuell vill Leit Vakanz maachen, si Bëschbränn ausgebrach. Vill Leit hu missen evakuéiert ginn.
De Gardaséi ass eng vun de beléiftste Vakanzendestinatiounen an Italien.
De Gardaséi ass eng vun de beléiftste Vakanzendestinatiounen an Italien.
© Softeis

Wéinst de Bëschbränn beim Gardaséi hunn antëscht iwwer 200 Mënsche missen evakuéiert ginn. E Freideg den Owend ass d'Feier an der beléifter italieenescher Touristegéigend ausgebrach. Fir genee ze si bei Tignale, westlech vum Séi. Deemno sinn och vill Touristen ënnert den Evakuéierten.

De Brand an de Bierger iwwert dem Ufer géing sech de Pompjeeën no séier ausbreeden. D'Pompjeeë beméie sech, ënnert anerem mat Läschfligeren an Helikopteren, d'Feier ënner Kontroll ze bréngen, allerdéngs ouni groussen Erfolleg. "Aktuell konzentréiere sech d'Aarbechten op d'Andämme vun de Feierfronten an de Schutz vun e puer Wunnhaiser", heescht et géigeniwwer der Noriichtenagence dpa.

D'Brandursaach ass nach net gekläert.

De Gardaséi gehéiert zu enger vun de beléiftste Vakanzendestinatiounen an Italien. Elo am Summer si sëllegen Touristen do, dorënner och Lëtzebuerger. Wéi och an aneren europäesche Länner gëtt et och a ganz Italien zanter Wochen Hëtztwelle mat deels iwwer 40 Grad. A bal alle Groussstied gëllt wéinst akuter Gesondheetsgefor fir d'Bevëlkerung aktuell eng Alerte rouge. De gréisste Floss vum Land, de Po, huet net méi vill Waasser. Bis Mëtt des Mounts sollen d'Temperaturen esou bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO