
An de fréie Mëttwoch Moiesstonne goufen 218 Migrante virun der Côte vu Kreta aus dem Mier gerett an a Sécherheet bruecht. An de leschten Deeg hate sech verstäerkt Leit op de Wee a Richtung griichesch Insel gemaach. Am Ganze goufe bannent zwee Deeg iwwer 300 Leit virun der Insel gerett.
Een onbemannte Fliger vun der EU-Grenzschutzagence Frontex hat fir d'éischt zwee Booter mat ronn 140 Leit u Bord südwestlech vun der Hafestad Ierapetra gesinn. D'Migrante goufe vun engem Tanker an engem Policeboot vun der griichescher Garde côte opgeholl an a Sécherheet bruecht.
Een drëtt Boot mat 77 Leit gouf iwwerdeem südlech vun Ierapetra gesinn. Hei war et e Frachter, dee laanscht gefuer ass, deen d'Migranten u Bord geholl an op Ierapetra bruecht huet.
Schonn den Dag virdru ware virun der südlecher Küst vu Kreta an der Géigend vu Gavdos 84 Migrante bei e puer Asätz gerett ginn.
Kreta ass besonnesch beléift bei Migranten aus Nordafrika, déi iwwert dee Wee probéieren an d’Europäesch Unioun ze kommen. D’Route vu Libyen aus gëllt awer als geféierlech. Dem UN-Flüchtlingswierk UNHCR no koumen zanter dem Ufank vum Joer iwwer 11.500 Migrante bei Kreta ëm d'Liewen. D'Booter starten de griicheschen Autoritéiten no meeschtens aus der Regioun ronderëm déi libesch Haaptstad Tobruk.