Bëschbrand am US-Bundesstaat NevadaIwwer 40.000 Persounen hunn hir Haiser misse verloossen

RTL mat AFP
Net wäit vun der Stad Reno am US-Bundesstaat Nevada ass e Feier ausgebrach, dat sech séier ausbreet.
D'Mënsche an der Regioun si besuergt ëm hiert Doheem.
D'Mënsche an der Regioun si besuergt ëm hiert Doheem.
© TREVOR BEXON/Getty Images via AFP

Iwwer 40.000 Mënschen hunn hir Haiser misse verloosse wéinst dem Brand, eng weider 45.000 Mënsche wieren opgeruff ginn, sech op eng méiglech Evakuéierung ze preparéieren, esou déi lokal Autoritéiten.

E Samschdeg war ee Feier ausgebrach, dat sech antëscht op ronn 6.000 Hektar ausgebreet huet. Just nach 8 Kilometer sinn d'Flame vu Reno ewech. An der Regioun liewe méi wéi 280.000 Persounen.

Medieberichter no gouf et bis ewell eng hallef Dose Blesséierter, dorënner och dräi Pompjeeën. Sëllegen Haiser si verbrannt. De Gouverneur vun Nevada Joe Lombardo huet fir de Bezierk Washoe, an deem Reno läit, den Noutstand ausgeruff.

Back to Top
CIM LOGO