Op Floss an NigeriaIwwer 50 Doudeger bei Bootsongléck

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem Bootsongléck op engem Floss am Nordweste vun Nigeria sinn en Donneschdeg Dosende Leit ëm d'Liewe komm.
© LEKKI PORT LFTZ ENTERPRISE LIMIT/Xinhua via AFP

Et sollen op d'mannst 51 Doudesaffer ginn, sou Awunner der Agence AFP géigeniwwer. "D'Situatioun ass schlëmm", sou de fréiere Gemengerot vum Duerf Gorau am Bezierk Goronyo, wou d'Ongléck geschitt ass.

E weidere Bewunner vum Duerf huet gesot, d'Boot wier offensichtlech iwwerfëllt gewiescht a wier kuerz nodeems et gestart war, ënnergaangen. Bei de meeschte Passéier huet et sech ëm Fraen a Kanner gehandelt.

E Porte-Parole vun der Katastropheschutzagence vum Bundesstaat Sokoto huet erkläert, dass d'Rettungsaarbechten nach am Gaange wieren. Eng genee Afferzuel kéinten nach net genannt ginn. Op de Flëss am Nigeria ass dacks vill Trafic an et kënnt méi heefeg zu Onglécker. Meeschtens ginn dës Accidenter duerch iwwerluede Booter, schlechten Entretien an d'Net-Anhale vu Sécherheetsmesure provozéiert.

Back to Top
CIM LOGO