
Dat huet de britteschen Ëmweltministère matgedeelt. Normal wär dat net, just 10 Prozent vum Reen, dee soss am Juli fält, ass erofkomm. An England an och a Wales huet et nach ni esou wéineg gereent, zanter dass d'Donnéeën erfaasst ginn. Parke sinn net gréng mä giel an d'Landwirtschaft schléit Alarm, et kéint zu Liewensmëttelenkpäss kommen. Fir Baueren a Bierger goufen an deem Zesummenhang dann och schonn Aschränkungen en place gesat, a verschiddene Regiounen ass et deemno verbueden, Planze mat engem Gaardeschlauch ze netzen. Vun de Waasser-Mesurë sinn eng 27 Millioune Britte betraff.
Der franséischer Noriichtenagence no ass et a Frankräich nach méi dramatesch: 95 Prozent vum Festland sinn ze dréchen. An der Schwäiz esouguer 99 Prozent. Vill Flëss an Europa hätte vill ze niddreg Peegelen. An déi nächst Hëtztwell annoncéiert sech schonn.