Taifun "Dolphin" Iwwer eng Millioun Mënschen a China evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Een uergen Taifun huet am Oste vu China zu massive Reefäll gefouert. Iwwer eng Millioun Mënsche goufen aus der Geforenzon evakuéiert.

Zu Shanghai goufe méi wéi 215.000 Leit a Sécherheet bruecht.

An der Stad si bannent 24 Stonne bis zu knapp 400 Millimeter Reen gefall. Fir eng Wiederstatioun war et déi héchst Quantitéit zanter méi wéi 150 Joer. D'Stroosse stoungen ënner Waasser an iwwer 1.300 Flich goufen op deenen zwee Fluchhäfe vu Shanghai gestrach.

Och wann den "Dolphin" sech mëttlerweil zu engem tropesche Stuerm ofgeschwächt huet, warnen d'Autoritéite viru weidere staarke Reefäll, Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen.

A verschiddene Regioune kéinten an den nächsten Deeg nach 200 bis 400 Millimeter Ree falen. Och Taiwan, Japan an d'Philippinnen ware vum Stuerm betraff.

Back to Top
CIM LOGO