
Zu Wicklow an Irland gesi sech en Dënschdeg an e Mëttwoch d'EU-Ausseministere fir en informelle Conseil, dobäi spillt déi weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain eng zentral Roll. De Xavier Bettel a seng Homologen, awer och d'Defenseminister vu villen EU-Länner diskutéiere virun allem iwwert déi militäresch Hëllef.
Am Zentrum steet d'Fro, wéi déi ukrainesch Loft-Defense verstäerkt ka ginn, nodeems an de leschte Woche russesch Rakéiten- an Dronen-Attacken ëmmer méi intensiv gi sinn. Och an der Nuecht op en Dënschdeg gouf et op ville Plazen an der Ukrain nees Loftalarm. Virun allem d'Regioun Kiew war nees Zil vu Rakéiten-Ugrëffer.
D'Autoritéite mellen Doudeger a Blesséierter, virun allem aus der Zivilpopulatioun.