Zesumme mat ESA an NASAJapan schéckt Raumsond op de Mars

AFP, iwwersat vun RTL
D'Missioun soll nei Erkenntnisser iwwer d'Entstoe vu Mounde liwweren.

Vum japanesche Raumfaartzentrum Tanegashima aus soll en Dënschdeg um 4:41 Auer Lokalzäit eng H3-Dronerakéit an de Weltraum starten. U Bord ass eng Raumsond, déi viraussiichtlech nächste Summer de Mars erreeche wäert.

Do soll si fir d'éischt de Marsmound Phobos ëmkreesen, duerno op dësem landen an op d'mannst zéng Gramm Buedemprouwe sammelen, fir dës dono op d'Äerd zeréckzebréngen.

Mat der Missioun mam Numm "Martian Moons eXploration" (MMX) wëllen d'Wëssenschaftler méi iwwer d'Entstoe vu Mounde gewuer ginn. Ausserdeem soll gepréift ginn, ob de klenge Marsmound als Standuert fir eng Raumstatioun kéint déngen, fir spéider bemannt Missiounen op de roude Planéit z'erméiglechen.

Bei dësem Projet schaffen d'Japaner mat der europäescher Weltraumagence ESA an der US-amerikanescher Weltraumagence NASA zesummen.

Back to Top
CIM LOGO